Réckentraining - Gym éducative

Rendez-vous an der Schoul Nelly Stein à l'école Nelly Stein rue de la Gare - Schifflange Mëttwochs - Mercredi : 19:30 An der Schoulvakanz as keen Fitness & Aérobic Pendant les Vacances scolaires pas de Fitness & Aérobic Moniteur: Nathalie Lamborelle

Réckenmuskulatur stäerken

Réckwéi ass de Gesondheetsproblem Nr.1 an den heefechste Grond fir bei den Dokter ze goen.Eng Ursaach vun dëser Zivilisatiounskrankheet ass net genuch Bewegung am Beruff an am Alldag.Wee vil am Sëtze schafft, deet gutt drun e bësse Sport ze dreiwen an de Muskelopbau vum Réck duerch Übungen ze stäerken. Dat ass di beschte Virbeugung géint Réckwéi, D’Muskulatur em t’ Réckkräitz wierkt wi e gestäipte Korsage,deen d’Feelhaltungen opfänkt an ausgläicht.Wichteg beim Muskeltraining ass et, di ganz Muskulatur ze trainéieren, also den ieweschten an ënneschten Deel vum Réck, de Schëllerberäich an d’Bauchmuskulatur. Hëllefsmëttel wi e Ball oder e Band suerge fir Ofwiesslung an eng erhéichte Kierperspannung.E klénge Stoffball tëschent d’Knéie gepresst, mécht aus ville Réckenübungen Ganzkierperübungen,well dat Zesummendrécke gläichzeitech de Bauch spaant an domat trainéiert. Deenungsübungen duerno loossen d’Muskelen no jidder Belaaschtung erëm entspanen. Links: Rückentraining für zu Hause Rückenübungen » Die 7 besten Rückenübungen für Zuhause Was ist Rückentraining? Rückentraining zu Hause: 8 effektive Übungen für die eigenen vier Wände Das Körperzentrum stärken – Erfahrungen einer Journalistin mit Pilates https://www.youtube.com/c/funcFITPersonalTrainingK%C3%B6ln/featured https://www.youtube.com/channel/UC-hKFFTUpSgEP-UuAO0MSLQ Apps: Das 5 Minuten Rückentraining Rationpharm Rückenschule