Historique Am Mä 1979 hu sech 15 Léierpersounen zesummegedon fir eng Amicale ze grënnen, déi sech den Numm „Amicale Sportive du Personnel Enseignant Schifflange“ (ASPES) ginn huet; an dat woaren d’Damen DE BOURCY Christiane, KAYSER Suzette an TERZER Antoinette, an d’Hären: BRUCH Paul, FALCHERO Emile, HOFFKAMP Fernand, HOFERLIN Roland, KAYSER Mett, KREIS Georges, KRIER Albert, LERMANN Jean, PECKELS Louis, PIRSCH Jean, SCHNEIDER Marcel an TRAUFFLER Ernest. Wéi de Numm et scho seet, hu se e bësse Sport gedriwwen, d.h. se si lafe gaangen, hu Volleyball a Fiederball gespillt, an hun am Wanter eemol an der Woch Schiträining ofgehalen. Fir dëse Schitraining hun sech ëmmer méi Leit intresséiert, a well an den deemolegen Statute stung, datt jidderän, dee mat Kanner ze dinn huet, kinnt Member gin (also och Elteren), ass de Veräin lues a lues méi grouss gin, an hat du bal 100 Memberen. Well déi nei Associatioun dacks mat der LASEP verwiesselt gin ass, gouw am Joer 1988 den Numm an „Association Sports Et Loisirs Schifflange (ASPELS) gännert. Huet et dodru geleeën oder un eisem neie Programm: ob jidderfall ass d’Memberzuel stänneg an t’ Lucht gaangen, a momentan hu mir iwwer 550 Memberen, deenen eng ganz Rei Aktivitéitsméiglechkeeten ugebueden ginn: Footing, Jogging, Nordic Walking, Laftraininger, Aérobic, Schitraining, Fitness- a Réckenturnen, Aquagym, Trëppeltir, Reesen, desweideren Visiten a Konferenzen. Zu den Aktivitéiten gehéiert och eng Schivakanz, déi je no der Zuel vun den Interessenten méi oder wéiniger regelméisseg organiséiert gëtt. Weider gin nach Reesen organiséert a Groussstied wéi London, Bréissel, wou mär de Mémorial Van Damme kucke gin, oder New York, Chicago, Berlin, Amsterdam, Wien, Paräis asw. wou eiser Leit um Marathon deelhuelen. Zanter e puer Joer schon huelen och eiser Membren u Schilaanglafkompetitiounen an Nordeuropa, an der Schwäiz an esouguer an Amerika a Kanada asw deel. Mir woaren och schon an de Weststaten vun den USA, wo déi wonnerschéin Nationalparken asw. besicht gouwen. Iwwer d’ Enzelheeten vun eisen Aktivitéiten ginn äis Memberen regelméisseg duerch Informatiounsblieder oder op eisem Internet-Site informéiert. (www.aspels.info) Vun 1980 un bis 2002 hu mir all Joer e Gesondheetslaf organiséiert. Den Erléis vun dese Coursen hu mir regelméisseg un Organisatioune weider gereecht, déi sech sportlech mat handikapéierte Kanner ofginn. Fir eise permanenten Asaatz fir déi humantär Zwecker ze honoréieren huet de Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg esouguer fir de Gesondheetslaf vum 13.Juni 1998 de Startschoss gin. A fir déi Zommen, déi mir fir esou Zwecker gespend hun, huet dat äis am Joer 2002 och de Präis: „Fair im Sport“ vun der Europäischer Akademie des Rheinland-Pfälzischen Sports, vun Tréier abruecht. Mir sin houfereg duerop. Mär hunn äis och eng zäitlaang mam CAS (Cercle Athlétique Schifflange) zesummegedoen, fir nach besser kënnen ze schaffen. Zesummen hu mär vun 2003 un e puer Joer en "Team-Run" um Bierg organiséiert, dee vun 2004 un " Mémorial Josy Bettendorf " heescht. Dëse Challenge dréit den Numm vun eisem Frënd a Kolleg Josy Bettendorf, dee vill ze fréi vun äis gaangen ass. Den 3.Juli 2004 huet d'ASPELS hiert 25-jäeregt Bestoe mat engem grousse Fest am Hall Polyvalent zou Schëffléng gefeiert. Ronn 320 Membren hate sech afont fir matzefeieren. Bei Gegrilltem, engem gudde Patt an ausgezeechenter Stëmmong gouw op déi näxt 25 Joer geprost. D'Gemengenautoritéiten haten drop gehalen, fir mat äis ze feieren an den Här Buergermeeschter huet a senger Usprooch eiser Associatioun all Guddes fir déi nächst Joere gewënscht. Au cours du mois de mai 1979 quinze enseignants de la Commune de Schifflange se sont rassemblés pour fonder une association de sportifs sous la dénomination "Amicale Sportive du Personnel Enseignant, Schifflange" (ASPES). C'étaient notamment les institutrices: DE BOURCY Christiane, KAYSER Suzette et TERZER Antoinette et les instituteurs: BRUCH Paul, FALCHERO Emile, HOFFKAMP Fernand, HOFERLIN Roland, KAYSER Mett, KREIS Georges, KRIER Albert, LERMANN Jean, PECKELS Louis, PIRSCH Jean, SCHNEIDER Marcel et TRAUFFLER Ernest. Ces personnes ont dès lors pratiqué la course à pied, le badminton et le volley-ball. En hiver ils organisaient des entraînements hebdomadaires en salle pour se mettre en forme pour le sport blanc dans les montagnes. Dans le temps l’intérêt pour ces entraînements augmentait de plus en plus et c’est ainsi que la décision fut prise de rassembler aussi les parents des enfants à ces entraînements réguliers. Vu que dans l'avenir le nom ASPES fut très souvent confondu avec l'organisation sportive scolaire LASEP, l'association fut dénommée en 1988 en "Association Sports Et Loisirs Schifflange (ASPELS). Dès lors et après une relance et agrandissement des activités offertes, le nombre des intéressés au sport populaire a augmenté rapidement et l’association compte actuellement plus de 550 membres qui sont presque tous actifs, que se soit dans la course à pied, le jogging, le footing, l’aérobic, l’aquagym, la gymnastique etc. En outre l’ASPELS offre aussi à ses membres des activités de loisir, soit: des excursions dans diverses régions du pays, la visite d’expositions, des conférences etc., mêmes des cours en informatiques sont offerts pendant la saison hivernale. Ensuite des vacances d’hiver en Autriche et d'autres voyages, comme par exemple à Londres, New York, Chicago, Berlin, Bruxelles, Amsterdam etc. sont organisés afin de pouvoir participer aux marathons respectifs. Maints fervents du ski de fond participent aux compétitions en Suisse, dans les pays scandinaves et en Amérique du Nord. En outre des voyages d’agrément dans l’Ouest des Etats Unis avec visites des grands parcs nationaux ont figuré déjà sur notre programme. Nos membres sont régulièrement informés par nos bulletins périodiques et par notre site Internet.(www.aspels.info) A partir de 1980 et jusqu'à l'an 2002 une course annuelle, dénommée 'Gesondheetslaf' fut organisée. Depuis des années déjà, le résultat net de cette compétition fut remis chaque année à des associations qui pratiquent le sport avec des personnes handicapées. Pour honorer ces gestes humanitaires, le Prince Guillaume de Luxembourg a donné le coup de départ de notre 'Gesondheetslaf' en date du 13 juin 1998. A la même occasion il a daigné d'accepter une carte de membre d'honneur à vie de notre association. Vu les montants considérables en dons chaque année à des associations bénévoles, le prix 'Fair im Sport 2002' nous a été remis par l' Europäische Akademie des Rheinland-Pfälzischen Sports. Nous sommes très fiers pour ces distinctions honorifiques. En 2003 l' ASPELS s'est associé avec le Cercle Athlétique de Schifflange afin d'organiser une course commune qui porta dans sa première édition le nom 'Team Run' et qui a été dénommée en 2004 en 'Challenge Josy Bettendorf' en mémoire de notre ami et collègue Josy Bettendorf, décédé subitement en été 2003 lors de la pratique de son sport favori. L'ASPELS a commémoré en date du 3 juillet 2004 le 25e anniversaire de sa fondation dans le Hall Polyvalent à Schifflange et environ 320 de nos membres y ont participé. Avec des grillades et des boissons exquises l'ambiance festive fut garantie. Les autorités communales étaient présentes et dans son allocution de circonstance, Monsieur le bourgmestre a prononcé ses meilleurs souhaits de prospérité pour le futur à l'adresse de notre association.